Op den Inhalt sprangen

Ricardo Marques

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Ricardo Marques
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universitéit Paris-Descartes
Aktivitéit Politiker, Deputéierten
Partei CSV

De Ricardo Marques ass e lëtzebuergesche Politiker (CSV).

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

De Ricardo Marques ass de Jong vu portugiseschen Immigranten. Hien huet op der Universitéit Paris-Descartes Psychologie studéiert.[1]

Hie gouf 2017 fir d'éischt an de Gemengerot vun Iechternach gewielt a gouf do 3 Joer drop Schäffen. Bei de Gemengewale vum Juni 2023 gouf hien erëmgewielt a koum nees an de Schäfferot.[2]

Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 war hie Kandidat fir d'CSV am Bezierk Osten. Hie krut keen Direktmandat, ass awer fir de verstuerwene Max Hengel den 10. Oktober 2024 nogeréckelt.[3],[4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Säi Profil op facebook.com.
  2. Henrique De Burgo: "Ricardo Marques wird Nachfolger Max Hengels in der Chamber." wort.lu, 08.10.2024.
  3. Joseph Gaulier: "Für Max Hengel: Ricardo Marques startet als neuer CSV-Abgeordneter durch." lessentiel.lu, 08.10.2024.
  4. "Ricardo Marques : un nouveau visage à la Chambre." Communiqué op chd.lu (nogekuckt: 10.10.2024).