Rita Sajeva

Vu Wikipedia
Rita Sajeva
Gebuer 21. Februar 1954
Aktivitéit Kënschtler
D'Rita Sajeva

D'Rita Sajeva, gebuer den 21. Februar 1954 zu Bagheria an der italieenescher Regioun Sizilien ass eng italieenesch Kënschtlerin, déi sculptéiert a moolt.

Hire Secondaire huet si op der Konschtschoul zu Palermo ofgeschloss. Duerno huet si eng Licence an Architektur op der Universitéit zu Palermo gemaach.
Vun 1984 bis 1988 huet se zu Roum Konscht enseignéiert.

D'Rita Sajeva, déi zu Hamm wunnt, huet hiren Atelier Op der Schläifmillen.

Um Ufank huet si méi am Marmer geschafft, duerno koum Bronz mat dobäi. Bronzestatue léisst si an Italie géissen.