Rives de l'Alzette

Vu Wikipedia

Rives de l'Alzette ass den Numm vun engem urbanistesche Projet zu Miersch, bei deem op der Plaz vum fréieren Agrocenter, op ronn 20 Hektar, eng Dausend Haiser a Wunnenge solle gebaut ginn.

De Projet ass eng Joint-Venture vun der Bauerenzentral (Cepal) a G-Finance vum Baupromoteur Marc Giorgetti.[1]

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

2006 huet d'Cepal decidéiert, keng Investissioune méi um Site vum Agrocenter, deen et néideg hat, moderniséiert ze ginn, ze maachen, mä, grad wéi d'Luxlait e puer Joer virdrun zu Märel, op där Plaz en Immobilieprojet z'entwéckelen an anzwousch anescht nei ze bauen. An de Joren dono sinn d'Siloe fir Kären a fir d'Fudder op Perl an Däitschland geplënnert, an De Verband/Versis op Colmer-Bierg geplënnert.

2010 huet d'CEPAL SA, d'Gesellschaft déi der Bauerenzentral hiert Verméige verwalt, d'Sàrl Rives de l'Alzette gegrënnt, an 2017 ass G-Finance vum Marc Giorgetti mat bäikomm. D'Gemeng Miersch an den Nohaltegkeetsministère hunn e Concours ausgeschriwwen, fir e Bebauungsplang fir déi ganze Plaz hanner der Gare, bis erof bei d'Uelzecht, auszeschaffen. Dee gouf vu Reicher Haase Assoziierte gewonnen a spéiderhin am Plan d'aménagement général (PAG) berücksichtegt.

2019 hunn d'Ofrappaarbechten ugefaangen, déi bis 2020 gedauert hunn. Parallel sinn och d'Lëtzebuerger Saatbaugenossenschaft (LSG), eng Glacëproduktioun vu Luxlait, d'Verwaltung vun der Bauerenzentral an aner Verwaltungen déi hir nostinn, wéi Agriplan, Agriconsult an Delpa, no an no vum Site fortgeplënnert.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

De Projet[änneren | Quelltext änneren]

De Projet gesäit de Bau vun enger 1.000 Wunneenheete fir iwwer 2.000 Leit vir. Et sollen net ze héich Appartementshaiser opgeriicht ginn, mat vill Gréngs ronderëm a Weeër fir haaptsächlech Foussgänger a Vëlosfuerer.

Uganks 2022 sollen déi éischt Bauaarbechten ufänken, an 2024 déi éischt Bauphas fäerdeg sinn. Déi véiert a lescht Phas soll 2032 ofgeschloss ginn (Stand: Juni 2021).[2]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Josée Hansen: "Nouvelle (agri)culture." in: d'Lëtzebuerger Land, 02.08.2019; och op land.lu.
  2. "Aus dem Agrocenter Miersch gëtt d'Rives de l'Alzette." Reportage op tele.rtl.lu, 30.06.2021.