Op den Inhalt sprangen

Robert Steinmetzer

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Robert Steinmetzer
Gebuer 9. Oktober 1948
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Dokter

De Robert Steinmetzer, gebuer den 9. Oktober 1948 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen Dokter, deen elo zu Paräis praktizéiert.

Hien huet zu Montpellier Medezin studéiert an duerno zu Paräis säi Staatsexame gemaach. Hie koum queesch duerch d'Welt. Nodeem hien ee Joer zu Genève geschafft hat, ass hien eng éischt Kéier iwwer de grousse Pull gaangen, wou e sech an der Behandlung vun organesche Krankheete spezialiséiert huet. Zeréck an Europa, koum en an d'Clinique Sainte-Marie zu [Esch-Uelzecht]]. Nodeem hien op e puer Méiglechkeeten, déi him offréiert goufen, verzicht hat, huet et hien erëm no Amerika gezunn.

Do gouf hie Chef-Dokter an der Cleveland Clinic. Déi Plaz huet hien opginn, wéi et geheescht huet, et géif eng Klinick zu Fort Lauderdale a Florida opgemaach ginn, an hie sollt do de Chef ginn. Dat war déi lescht Statioun ier hien erëm an Europa zeréckkomm ass, an zwar op Paräis an den Hôpital Americain, deen zur selwechter Stëftung gehéiert, wou e ganz selekte Krees vu Patiente vun iwwerall behandelt ginn, a wou de Robert Steinmetzer vu senge laangen Erfarungen an der Diagnose-Technologie Gebrauch maache konnt. Well hien den direkten a perséinleche Kontakt zu de Kranke virgezunn huet, ass hien do fortgaangen, fir nieft der stationärer Medezin an de Klinicken och eng Privatpraxis am 16. Arrondissement zu Paräis opzemaachen. Hien ass och bekannt fir d'Behandlung vu Kappwéi.

  • Reuter, Raymond: 100 Lëtzebuerger rondrëm d'Welt, S. 182: Robert Steinmetzer, Éditions Luxnews, 2003