Rock'n'Roll

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Rock and Roll)
Eng Plack am Ohio erënnert un de Radio-DJ Alan Freed, deen de Begrëff Rock'n'Roll erfonnt huet

Rock'n'Roll, och nach Rock 'n' Roll a Rock and Roll geschriwwen, ass e Museksgenre, deen an den 1940er an an den 1950er Joren an de Vereenegte Staaten entstanen ass. En huet säin Ursprong an der Musek vun den Afroamerikaner, wéi dem Gospel, dem Blues, dem Boogie-Woogie an dem Rhythm and Blues, mee och der Countrymusek. Obwuel een dem Rock'n'Roll seng formativ Elementer schonn an de Bluesopnamen aus den 1920er an de Countrymuseksopnamen aus den 1930er héiere kann, krut de Genre säin Numm eréischt Ufank der 1950er.

De fréie Rock'n'Roll war vun engem Haaptinstrument, entweeder dem Piano oder dem Saxophon, markéiert. Déi goufe Mëtt der 1950er vun der Gittar ersat. De Beat ass essentiel en Danzrhythmus mat engem staarke Backbeat, dee bal ëmmer mat enger klenger Tromm gespillt gëtt. De klassesche Rock'n'Roll gëtt meeschtens mat enger oder zwou elektresche Gittare gespillt (eng Haaptgittar and eng Rhythmusgittar) an engem Kontrabass. Mëtt der 1950er sinn d'elektresch Bassgittar an d'Batterie an der klassescher Rockmusek beléift ginn.

An den 1960er Joren huet sech de Rock'n'Roll an d'Rockmusek zu engem méi internationale Genre weiderentwéckelt.

De Rock'n'Roll hat zu senger Zäit e groussen Afloss op d'Moud, d'Astellungen an d'Sprooch an huet staark polariséiert.

Zu de bekannte Rock'n'Roll-Museker zielen ënner anerem den Chuck Berry, den Elvis Presley, de Bill Haley, de Buddy Holly, an den Jerry Lee Lewis.