Roger Michel Erasmy
Ausgesinn
Roger Michel Erasmy | |
---|---|
Gebuer |
7. Juni 1939 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
3. November 2015 Jurançon |
Nationalitéit | Spuenien |
Aktivitéit | Moler, Schrëftsteller |
De Roger Michel Erasmy, gebuer de 7. Juni 1939 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 3. November 2015 zu Perpignan[1], war e lëtzebuergeschen Auteur. Hien ass virun allem bekannt fir seng Wierker iwwer de surrealistesche Moler Salvador Dalí.
De Roger Erasmy war Directeur commercial an enger franséischer Firma an dono Sekretär an der Wirtschaftssektioun vun der Franséischer Ambassade zu Lëtzebuerg. A senge Bicher iwwer den Dali erkläert hie seng Theorie, datt den Dali seng Molerei eng Zort Virahnung vun Evenementer ëm d'Jordausendwenn wier.[2]
Hien huet 1989-1990 e Bicherfestival zu Salies-du-Salat (Haute-Garonne) organiséiert a war Editeur vun der Zäitschrëft Petit Courrier Culturel Abrégé.
Wierker
[änneren | Quelltext änneren]- Le Mystère de la gare de Perpignan. R. M. Erasmy, 1985. (BNF 34776284)
- Codex Dalianus. Indicateur ésoterique des prévisions paranoïaques-critiques de Salvador Dali. Rasiguères, R. M. Erasmy, 1987. ISBN 2-87956-001-2
- L'apothéose du Dollar. R. M. Erasmy, 2004. ISBN 2-87956-005-5
- Visions d'un monde nouveau. R. M. Erasmy, 2012. ISBN 2-87956-007-1
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Chevalier de l'Ordre du Mérite A.D.N Luxembourg, 1972.[3]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- erasmy-dali.com, dem Roger Erasmy seng Homepage.
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ http://www.rtl.lu/kultur/738533.html
- ↑ La Voix du Luxembourg, 5 octobre 2001
- ↑ International Biographical Art Dictionary - Édition 91/92