Route impériale 1

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Route impériale 1
(Paräis-Calais)
Land Frankräich
Längt 273 km

D'Route impériale 1 war eng vun de véierzéng franséische Routes impériales 1. Klass déi mam keeserlechen Dekreet vum 16. Dezember 1811 geschaf goufen. Si huet Paräis mat Calais iwwer Abbeville a Boulognes-sur-Mer verbonnen. Et war eng vun de ganz wichtege keeserleche Stroossen, well déi Zäit de gréissten Deel vun der franséischer Flott zu Boulogne an zu Calais louch.

Nom Enn vum Empire gouf aus der keeserlecher Strooss, eng kinneklech, an duerno war et laang d'Nationale 1. 1973 gouf d'historesch Streck tëscht Beauvais an Abbeville geännert an 2006 nom Bau vun der A16 gouf se praktesch ganz deklasséiert.