Route impériale 2

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Route impériale 2
(Paräis-Amsterdam)
Land Frankräich
Belsch
Holland
Längt 515 km

D'Route impériale 2 war eng vun de véierzéng franséische Routes impériales 1. Klass déi mam keeserlechen Dekreet vum 16. Dezember 1811 geschaf goufen. Si huet Paräis mat Amsterdam iwwer Soissons, Maubeuge a Bréissel verbonnen. Wéi se gebaut gouf hunn déi haiteg Haaptstied vun der Belsch a vun Holland zum franséische Keeserräich gehéiert a se goufe logescherweis um kierzte Wee mat Paräis verbonnen.

Nom Enn vum Empire gouf aus der keeserlecher Strooss, eng kinneklech, an duerno gouf et d'Nationale 2. D'Reforme vun 1973 a vun 2006 hu grondsätzlech näischt doru geännert mat e puer wéinegen Ausname wéi z. B. zu Marle, Larouillies oder Laon wou d'Uertschafte mat engem Neibau ëmfuer ginn.