Route impériale

Vu Wikipedia
Schëld op der Route impériale 6
Erënnerungsmonument um Simplon

D'Routes impériales a Frankräich goufe mat engem keeserlechen Dekreet vum 16. Dezember 1811 geschaf.

Zanter dem 17. Joerhonnert gouf et véier grouss strateegesch Achse fir d'franséisch Militärstroossen, vun der Grenz an der Picardie bis op Bayonne, vun der Basse Bretagne op Marseille, vum Languedoc an d'Normandie a vun der Saintonge an d'Bresse. Déi Haaptachse ware mat Niewestroossen ënnerenee verbonnen, déi iwwer wichteg Plaze gefouert hunn an op deenen Raschtplaze virgesi ware iwwer déi déi d'Truppen an d'Arméisgefierer transitéiert hunn. Dat Netz huet scho relativ séier Truppebeweegungen erlaabt.

Enner dem Napoléon goufen déi Stroossen a Funktioun vun den Truppebeweegungen an Operatioune vun der Grande Armée stänneg ausgebaut. Haaptsächlech d'Stroossen a Richtung Italie waren him wichteg, well hien Italien als politesch wichteg ugesinn huet. Scho 1796 beim Italienfeldzuch hat hie festgestallt datt et mat den Accèsen iwwer d'Alpe schlecht bestallt war. Ausser an der Géigend vum Col de Tende gouf et nëmmen Ieselspied op deenen nëmme mat klengem Geschier konnt gefuer ginn. Déck kommerziell Kutschen oder militäresch Transportkare konnten do net fueren. Vu 1797 un huet den Napoléon Pläng ausgeschafft fir eng Strooss iwwer de Simplon ze bauen. Tëscht 1801 an 1805 huet den Ingenieur Nicolas Cérard déi Strooss a Richtung Mailand gebaut, fir e Wee fir d'Artillerie ze hunn. Um Col selwer sollt ausserdeem en Hospiz opgeriicht ginn, awer nom Fall vum Keeserräich huet et bis 1827 gedauert éier dat vun de Bernardinerpatere fäerdeggebaut gouf. Eng aner d'Route Impériale 7 huet iwwer de Col vum Mont-Cenis och a Richtung Mailand gefouert. D'Aarbechte fir déi Strooss an den Alpe ware gigantesch, besonnesch am Dall vun der Maurienne hu vill Fielse missen duerchbrach ginn a laanscht d'Biergflëss hunn dacks misse mächteg Stäipmaueren opgeriicht ginn. Iwwer de Lautaret huet Route impériale 91 op Briançon gefouert, wat déi spéider Nationale 91 sollt ginn, grad sou wéi op d'Mëttelmierküst a weider op Genua, d'Route impériale 8 a spéider Nationale 7. Eng grouss Achs d'Route impériale 2 goung an den Norde bis an Holland an d'Route impériale 3 an den Norde vun Däitschland.

Well d'Strooss fir op Bayonne an doriwwer eraus an engem miserablen Zoustand war huet den Napoleon 1808 beschloss déi komplett ze reamenagéieren. Doriwwer eraus goufen d'Weeër fir a Spuenien vun iwwer 50.000 Zaldoten am A behalen, déi op aacht Festungen a 64 sougenannt Korrespondenzposte mat Magasénger a Spideeler verdeelt waren. Tëscht Bayonne a Burgos gouf et 11 där Plazen.

Beim Bau vun deene Stroosse ware vill Truppe matbeschäftegt, mä dee Corps deen am meeschte bedeelegt war, waren d'Sapeure vun der Garde. Ausserdeem hu 5 Generalinspekteren, 134 Ingénieurs en chef départementaux, 15 Ingénieurs en chef extraordinaires an 306 Ingenieuren um Stroosseprojet geschafft.

Am Dekreet vun 1811 waren 3 Klasse vu keeserleche Stroosse virgesinn:

  • 1. Klass mat 14 Stéck: All déi Stroosse gi vu Paräis fort. Verschiddener hunn am Ufank een Deel vun der Streck zesummen a well se zur Zäit vun der gréisster Ausdeenung vum Keeserräich gebout goufen, haten der en ettlech hiren Terminus an enger haut auslännescher Stad.
  • 2 Klass mat 13 Stéck: Si ware geduecht fir Paräis mat groussen awer manner wichtege Stied an der Provënz ze verbannen
  • 3. Klass mat 202 Stéck: Déi haten éischter e regionale wéi nationale Charakter. Si haten d'Roll vun den Departementalstroosse vun haut.