Ry Boissaux
Ausgesinn
Ry Boissaux | |
---|---|
Gebuer |
15. August 1900 Hollerech |
Gestuerwen |
19. Februar 1986 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
D'Rosalie Ry Boissaux, gebuer de 15. August 1900 zu Hollerech, a gestuerwen den 19. Februar 1986 an der Stad Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch Schrëftstellerin. Si huet haaptsächlech Märercher, Seeërcher a Legenden, vrun allem op däitsch a franséisch, ma och op lëtzebuergesch geschriwwen.
Si war 1937 Grënnungsmember vun der Vereenegung Les amis de la maison de Victor Hugo à Vianden a gouf 1939 Member vun der Société des écrivains luxembourgeois de langue française (SELF). 1961 huet si mat enger Kannersendung um Radio ugefaangen.
D'Ry Boissaux gouf 1985 Member vun der Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal.
Publikatiounen (Auswiel)
[änneren | Quelltext änneren]Texter op Franséisch
[änneren | Quelltext änneren]- Blessures, 1939, Lëtzebuerg
- Madame Molitor et Cie,, 1945, Lëtzebuerg
- Niki-Chat, 1957, SELF
- Contes d'enfants et d'animaux, 1961, SELF
- Crocodiliade, 1973, SELF
- Mosaïque, 1983, Institut Grand-Ducal, Section des Arts et des Lettres
Texter op Lëtzebuergesch
[änneren | Quelltext änneren]- De Vullenzirk am Wantergaart, 1954, Lëtzebuerg
- Verziel mer eng Geschicht, 1971, Lëtzebuerg
- Mäin Diddelénger Geschichtebuch 1903-1918, 1979, Esch-Uelzecht
- Kannerstonn, 1981, Lëtzebuerg
Texter op Däitsch
[änneren | Quelltext änneren]- Köpfchen. Die Geschichten des abgebrochenen Puppenkopfes und andere Erzählungen, 1949, Lëtzebuerg
- Leise Lieder, Eegeverlag, net am Handel
Texter an Zäitschrëften
[änneren | Quelltext änneren]D'Ry Boissaux huet a follgenden Zäitschëfte matgeschafft:
- Les Cahiers Luxembourgeois
- nos cahiers Lëtzebuerger Zäitschrëft fir Kultur
- Les Pages de la SELF
- Les nouvelles pages de la SELF
- Revue
- Arts et lettres
Éierungen
[änneren | Quelltext änneren]- Fir un d'Ry Boissaux erënneren, gouf eng Strooss zu Gaasperech no hir genannt: d'Rue Ry-Boissaux.
- Officier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1974)[1]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Pour leurs mérites dans le domaine culturel op der Säit 3 vum Luxemburger Wort vum 26. Juni 1974 op eluxemburgensia.lu gekuckt de 24. Dezember 2022