Société des écrivains luxembourgeois de langue française

Vu Wikipedia
En Deel vum Comité (1934-1935).

D'Société des écrivains luxembourgeois de langue française oder SELF ass, wéi hiren Numm et seet, eng lëtzebuergesch Vereenegung vu Schrëftsteller, déi (haaptsächlech) op Franséisch schreiwen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Se gouf den 8. Juli 1934 am Munnerëffer Hotel Grand-Chef gegrënnt. Dobäi gouf de Marcel Noppeney President[1], de Mathias Tresch Sekretär[2] an de Jérôme Anders Tresorier. Grënnungsmembere waren d'Charlotte Becker, d'Anne Beffort, de Pierre Frieden, de Willy Gilson, de Joseph Hansen, de Joseph Lacaf, de Paul Palgen, de Nicolas Ries an de Mathias Tresch. 1935 huet d'Association 13 Membres effectifs gezielt[3].

D'SELF militéiert am Déngscht vun der franséischer Sprooch fir d'politesch Onofhängegkeet zu Lëtzebuerg an d'lëtzebuergesch d'Identitéit ze garantéieren a gesäit am Gebrauch vum Franséischen eng Méiglechkeet fir sech vun aneren ethnesche Gruppen z'ënnerscheeden (Wilhelm 1999).

D'SELF huet 1937 déi éischt lëtzebuergesch franséischsproocheg Anthologie publizéiert. D'sozial Hierkonft vun den 63 Auteuren ass en Hiweis op den elitäre Charakter vun der Gesellschaft: 30 Professeren, 11 Juristen, 4 Journalisten, 3 Dokteren, 3 Employéen, 3 Geeschtlech, 1 Ingenieur, 1 Bibliothecaire, 1 Geschäftsmann[4].

Den 30. September 1937 gouf op enger Versammlung vun der SELF de Veräi Les amis de la maison de Victor Hugo à Vianden a.s.b.l. gegrënnt.[5].

1958 hat d'SELF ronn 300 Memberen, dovu waren der 40 aktiv.

1966 sinn 3 Grënnungsmembere gestuerwen: de Marcel Noppeney, d'Anne Beffort an de Paul Palgen. Duerno gouf de Joseph Leydenbach President an ass dat bis 1976 bliwwen[6], wéi den Alphonse Arend déi Plaz iwwerholl huet, a se bis zu sengem Doud am Joer 1987 hat.[7]

Zanter 1989, wéi déi lescht Ausgab vun den Nouvelles Pages erauskoum, gëtt et keng Liewenszeeche méi vu SELF. D'Grënnung vum Lëtzebuerger Schrëftstellerverband (LSV) am Joer 1986 schéngt eng vun den Ursaachen ze sinn.

Hir Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

  • Anthologie des Écrivains luxembourgeois de langue française [contributions de 30 écrivains], LCL, n° 3 & 4, 1937.
  • Les [Nouvelles] Pages de la SELF, 1952-1971, 1973 ss.
  • Le Livre du Millénaire. La ville de Luxembourg de 963 à 1963. [contributions de M. Noppeney, A. Arend, H. Luja, R. Matagne, R. Kieffer, P. Grégoire, L. Thorn-Petit, J. Leydenbach, E. Wampach, É. Gantenbein, M. Frieden, P. Palgen, J. Mersch, N. Klecker, P. Hurst], 1963.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Marcel Noppeney war President bis zu sengem Doud am Joer 1966.
  2. Luxemburgensia , Escher Tageblatt, 18. August 1934
  3. Interview Mathias Tresch an der A-Z vum 17. Mäerz 1935
  4. A 5 weider Auteuren, deenen hire Beruff net ernimmt gëtt
  5. Presidentin vum Veräi gouf d'Anne Beffort.
  6. De Joseph Leydenbach am Luxemburger Lexikon Säit 248
  7. Den Alphonse Arend am Luxemburger Lexikon Säit 19

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Leydenbach, J., 1968. La SELF, pourquoi ?. LPS, XIV.
  • Noppeney, M., 1952. La Société des Écrivains luxembourgeois de langue française (SELF). Sa fondation, son historique, sa raison d'être, ses buts.
  • Roller, P., 1959. Le 25e anniversaire de la SELF. La Dryade n° 18.
  • Tresch, M., 1937. Chronique de la Société des écrivains de langue française à Luxembourg. LCL n° 3 & 4.
  • Wilhelm, Frank, 1999. Dictionnaire de la francophonie luxembourgeoise: suivi d'une Anthologie d'auteurs francophones luxembourgeois contemporains. Institut für Romanistik der Universität Wien, Département de français de l'Université Janus Pannonius. 413 p.