Saum

Vu Wikipedia
Nom Sonnenënnergang duerf da gebafft ginn

De Saum (Arabesch:صوم - ṣawm) oder Siyam (صيام - ṣiyām) ass déi Véiert Sail vum Islam. Et bezeechent d'Faaschten am Islam. Fir all gesond an erwuesse Moslemen ass d'Faaschten eng Flicht am Mount Ramadan.

De Saum verbitt et, vu Sonnenopgang bis Sonnenënnergang[1] eppes z'iessen, Genossmëttel zou sech ze huelen oder sexuelle Kontakt ze hunn.

Schwanger Fraen oder krank Leit brauchen net ze faaschten.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. De Koran 2. Sure, Vers 187