Schabloun:AVDW 5

Vu Wikipedia

"Lady Rosa of Luxembourg" ass den Numm vun engem Konschtwierk, dat vun der kroatescher Kënschtlerin Sanja Iveković geschaf gouf. Et representéiert eng verfriemt Replik vum Monument vun der Gëllener Fra (dofir och dacks "Gëlle Fra 2" genannt). 2001 huet et zu Lëtzebuerg fir zolidd Polemik gesuergt, wéi et knapps 50 Meter vum 'Original' ewech opgeriicht gouf, dat am Kader vun der Ausstellung Luxembourg, les Luxembourgeois am Stater Geschichtsmusée an am Casino Luxembourg.

D'Lady Rosa of Luxembourg ënnerscheet sech vun der Gëllener Fra an e puer wesentleche Punkten: D'Fraefigur (d'Gëlle Fra) erwaart an den Text um Sockel ass geännert ginn.

Aussoe vun der Kënschtlerin no sollt dëst Konschtwierk dozou ureegen, iwwer d’Situatioun vun der Fra an eiser Gesellschaft nozedenken. Sou ass den Numm vum Konschtwierk eng däitlech Uspillung op d'Rosa Luxemburg, eng polnesch-däitsch Politikerin, déi ermuert gouf. Och de geännerten Text spillt do eng wichteg Roll... > méi