Lëtzebuerg City Museum

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Lëtzebuerg City Museum
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 36’ 36.42’’ N
      06° 08’ 0.61’’ O
Opgaangen 22. Juni 1996
Logo
De Stater Geschichtsmusée, Mee 2008.
Haff vum Musée, mat der bemierkenswäerter Bluttbuch déi 2022 wéinst engem Pilzbefall huet missen ewechgeholl ginn

.

De Lëtzebuerg City Museum (viru Mee 2017 “Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg”, oder “Musée d'histoire de la Ville de Luxembourg”[1]) ass e Musée, dee vun der Stad Lëtzebuerg ageriicht gouf.

En ass an engem Ensembel vu véier ale Biergerhaiser aus dem 17. bis 19. Joerhonnert an der Hossegässel ageriicht, déi restauréiert an deelweis ëmgebaut goufen. D'Haaptgebai war vu 1732 bis 1797 de Refuge vun der Abtei Orval, a vun 1903 bis 1994 de Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Refuge vun der Abtei Orval an am Artikel Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg

De Musée gouf am Juni 1996 ageweit a besteet aus enger permanenter Ausstellung iwwer d'Geschicht vun der Stad a Raimlechkeeten, déi fir zäitweileg Ausstellunge benotzt ginn.

Am Kader vun enger Ausstellung iwwer d'Geschicht vun de Verschwierungstheorien, déi 2021 am Musée ze gesi war, stoung de Musée an der Kritik, de Sujet "Bommeleeër" net thematiséiert ze hunn. D'Direktioun hat sech dobäi a Widderspréch verwéckelt[2] an am Gemengeroot gouf eng Motioun géint d'Buergermeeschtesch Lydie Polfer gestallt.[3]

Direkteren[änneren | Quelltext änneren]

Conservateuren[änneren | Quelltext änneren]

Ausstellungen[änneren | Quelltext änneren]

  • Esou ginn Helde gebuer! Perceptions du Moyen Âge au Luxembourg (19e–21e siècles), 21.10.2022 > 26.02.2023
  • Collectionner, une sacrée mission… ! Comment les objets arrivent au musée, à l'exemple du patrimoine religieux, 08.10.2021 > 03.07.2022
  • GLEEF DAT NET...! Théories du complet, hier et aujourd'hui, 26.03.2021 > 16.01.2022
  • LU 82.1.2_296 LU 82.1.2_296, Fouillez les archives de la Ville de Luxembourg, 09.10.2020 > 27.06.2021  
  • TOTO. L'expo. La jeunesse s’exprime en temps de pandémie, 20.11.2020 > 28.02.2021
  • ONS SCHUEBERFOUER Une foire pas comme les autres, 17.05.2019 > 31.05.2020  
  • Leit an der Stad Luxembourg Street Photography, 1950-2017, 06.10.2017 > 31.03.2019
  • Football Hallelujah!, 08.10.2016 > 12.03.2017
  • Le musée chez soi Une collection d'art luxembourgeois du XXe siècle, 28.03.2015 > 09.10.2016
  • Charles IV (1316 - 1378). Le Luxembourg et « son » comte, roi et empereur européen, 26.05.2016 > 09.10.2016
  • "De Pafendall" Histoires d'un quartier, 13.05.2015 > 03.01.2016
  • Bâtiments signifiants. Lire notre environnement bâti, 13.05.2015 > 03.01.2016

The Luxembourg Story[änneren | Quelltext änneren]

“The Luxembourg Story” ass eng permanent Ausstellung op am Ganzen 2.200 m2, déi d'Geschicht vun der Stad, vum Ufank am 10. Joerhonnert bis haut, erzielt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Goddard, Evamarie, Die Gebäude des Stadtmuseums. Eine historisch- archäologische Analyse, Luxemburg 1998
  • Genot, Gilles, Das Museum als Zeugnis der Stadtgeschichte, in : Die Warte. Das Feuilleton im Luxemburger Wort (26.9.2019), p. 6-7

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. “Nouvelle expo permanente au Lëtzebuerg City Museum” op vdl.lu, der Internetsäit vun der Stad Lëtzebuerg, gekuckt de 6. Mäerz 2017
  2. (de)Pit Scholtes, "Bommeleeër" im Museum: Das Machtwort von Lydie Polfer. Reporter.lu (2021-06-29). Gekuckt de(n) 2023-03-31.
  3. (de)Claude Molinaro, Gemeinderat Luxemburg / „Bommeleeër“ sorgt für Streit: Opposition wirft Lydie Polfer Zensur vor. www.tageblatt.lu. Gekuckt de(n) 2023-03-31.