Refuge vun der Abtei Orval

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Refuge vun der Abtei Orval war e Refuge, deen d'Abtei Orval bannent der Festung Lëtzebuerg hat.

Et gouf sou e Refuge zanter dem 14. Joerhonnert. Mä dat Gebai, wat haut als sollecht bekannt ass, gouf 1732 vum Abt Mommertz kaf. Et war dëst en Haus an der haiteger Hellege-Geescht-Strooss, deem seng Kellergewëllef bis an d'Mëttelalter zréckginn, an dat am Kär aus dem 16. Joerhonnert ass.[1] 2 Fligele goufen un d'ursprénglecht Gebai ubaue gelooss (ee vun hinnen huet haut nach d'Verankerungseise mat der Joreszuel 1735). Den nërdleche vun hinnen ass vum Rescht vum Gebai ofgetrennt a méi einfach dekoréiert gewiescht. Um Rez-de-chaussée dovu war eng Kichen. Kuerz nom Kaf gouf och d'Haaptgebai bannenan ëmgebaut, fir et méi luxuriéis an harmonesch ze maachen; eng Rëtsch Schminnie goufen agebaut. D'Mauere ware mat Stuck dekoréiert, an och d'Plafonge mat Stuck aus dem 17. Jh. goufen duerch där aus dem 18. kompletéiert, wa vergréissert gouf.[1]

Wéi aner Refugen och war den Haaptzweck am 18. Joerhonnert manner dat, wat ee vun engem Refuge erwaarde géif - Schutz bannent enger Festung ze bidden, wann d'Klouschter um Land a Gefor war -, mä villméi, fir ze representéieren, a fir wirtschaftlech an administrativ Zwecker z'erfëllen.[1]

De 16. Januar 1797, ënner dem Directoire, gouf d'Gebai zum Bien national deklaréiert a versteet. Neie Proprietär gouf de Geschäftsmann Jean Henri Dondelinger, deen et segesäits méi spéit un de Jean Pierre Bonaventure Dutreux verkaf huet. Dësen huet laang Jore mat senger Famill, zulescht mat senger Duechter Thérèse Eugénie an där hirem Mann, dem Joseph-Antoine Pescatore, dra gewunnt.[2] 1902 huet der Madame Pescatore-Dutreux hiren Neveu, den Tony Dutreux, d'Haus geierft. Hien huet et zu engem niddrege Präis der Stad Lëtzebuerg verkaf, déi doran de Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg ageriicht huet.[2]

No gréisseren archeologeschen Analysen an Ëmbauaarbechten ass zanter 1994 de Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg dran amenagéiert.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg an am Artikel Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 Danièle Wagener: "Ein Geschichtsmuseum in historischen Kulissen." Ons Stad Nr.47, 1994, S.8-12.
  2. 2,0 2,1 Evy Friedrich: Kalennerblieder 2, Lëtzebuerg: Kremer-Muller, 1980, S.23.