Schabloun:Op engem 13. September
Ausgesinn
- 1598: Doud vum Felipe II. vu Spuenien, Herzog vu Lëtzebuerg, Kinnek vu Spuenien a vu Portugal.
- 1813: Den US-amerikanesche Generol John Sedgwick kënnt op d'Welt.
- 1814: Gebuert vum lëtzebuergesche Schrëftsteller, Drécker an Enseignant Joseph-Ernest Buschmann.
- 1819: Déi däitsch Komponistin a Pianistin Clara Schumann gëtt gebuer.
- 1834: De lëtzebuergesche Professer an Auteur Joseph Speck kënnt op d'Welt.
- 1871: Gebuert vum lëtzebuergesche Sculpteur Jean Mich.
- 1874: Den éisträichesche Komponist Arnold Schönberg kënnt op d'Welt.
- 1916: Den englesche Schrëftsteller Roald Dahl gëtt gebuer.