Schabloun:Op engem 23. Oktober
- 1520: De Karl V. gëtt zu Oochen zum Keeser vum Hellege Réimesche Räich gekréint.
- 1888: De lëtzebuergeschen Industrielle Félix Chomé gëtt gebuer.
- 1905: De schwäizer-US-amerikanesche Physiker an Nobelpräisdréier Felix Bloch kënnt op d'Welt.
- 1940: De brasilianesche Foussballspiller Pelé gëtt gebuer.
- 1956: Ufank vum Ungaresche Volleksopstand.
- 1958: De lëtzebuergesche Schauspiller Thierry van Werveke kënnt op d'Welt.
- 1980: Doud vum lëtzebuergesche Sculpteur a Moler Auguste Trémont.
- 1989: D'Ungaresch Republik gëtt ausgeruff. Enn vun der Volleksrepublik Ungarn.