Schabloun:Op engem 24. Februar
Ausgesinn
- 1500: De Karel V., Keeser vum Hellege Réimesche Räich, kënnt zu Gent op d'Welt.
- 1786: Gebuert vum Wilhelm Grimm, däitsche Sproochwëssenschaftler a Schrëftsteller.
- 1902: Gebuert vum lëtzebuergesche Schauspiller Hary Haagen.
- 1916: D'Regierung Thorn gëtt vereedegt.
- 1918: Estland gëtt vu Russland onofhängeg.
- 1941: Déi lëtzebuergesch-franséisch Archeologekoppel Ria a Joseph Hackin stierft bei engem Schëffsënnergank.
- 1984: Gesetz iwwer de Sproochegebrauch zu Lëtzebuerg: Lëtzebuergesch gëtt als "Nationalsprooch" definéiert a kritt de Status vun enger administrativer Sprooch (nieft Däitsch a Franséisch, a "souwäit wéi méiglech").
- 2022: Russland fänkt op breeder Front en Ugrëffskrich op d'Ukrain un.