Schabloun:Op engem 28. Juli
Ausgesinn
- 1741: Doud vum italieenesche Komponist Antonio Vivaldi.
- 1794: Déi franséisch Revolutionären Antoine de Saint-Just a Maximilien de Robespierre gi gekäppt.
- 1803: Gebuert vum lëtzebuergesche Philolog Pierre Burggraff.
- 1887: De franséische Moler a Kënschtler Marcel Duchamp kënnt op d'Welt.
- 1914: Éisträich-Ungarn erkläert Serbien de Krich: Ufank vum Éischte Weltkrich.
- 1937: Japanesch Fligere bombardéieren dräi chineesesch Stied, a japanesch Buedemtruppe gräife Peking un; Ufank vum Pazifikkrich.
- 1976: Äerdbiewen zu Tangshan a China; ongeféier 655.000 Doudeger.
- 1997: Déi lescht Fouer Minett aus der Minière St. Michel (Frankräich) kënnt zu Esch-Uelzecht um Heenzebierg aus der Galerie.