Schabloun:Op engem 4. November
Ausgesinn
- 1899: Gebuert vum lëtzebuergesche Vëlossportler an zweefachen Tour-de-France-Gewënner Nicolas Frantz.
- 1922: Egypten: Den Howard Carter fënnt am Dall vun de Kinneke bei Luxor dat bis dohin onbekannt Graf vum Pharao Tutanchamun.
- 1950: Zu Roum gëtt d'Europäesch Mënscherechtskonventioun ënnerschriwwen.
- 1963: De Vizepresident vun den USA, de Lyndon B. Johnson, ass zu Lëtzebuerg op Staatsbesuch.
- 1979: Iranesch Studente besetzen d'amerikanesch Ambassad zu Teheran a fuerderen d'Ausliwwerung vum Schah Mohammad Rezah Pahlavi deen an d'USA geflücht war. D'Besetzung dauert bis den 20. Januar 1981.
- 1982: Doud vum franséische Filmregisseur a -schauspiller Jacques Tati.
- 1995: Den israeelesche Premier Itzchak Rabbin gëtt vun engem jiddeschen Extremist ëmbruecht.
- 2008: De Barack Obama gewënnt d'US-Presidentschaftswalen.