Schabloun:PortalAustralien Geschicht2

Vu Wikipedia

D'europäesch Exploratioun

Duerch déi staark Presenz vun den Hollänner an den indoneseschen Häfe vu Bantam a Batavia (Jakarta), ass d'Entdeckung vun Australien séier eng Realitéit ginn. D'hollännesch Flott konnt déi Zäit op déi bescht Schëffer zeréckgräifen, an huet et mat Hëllef vun deene relativ séier gepackt den éischter geféierleche Süd-Pazifik ze befueren. Géint dem Ufank vum Joer 1606 ass et dem Willem Janszoon gelongen d'Mierstrooss tëscht dem australesche Kontinent an Neiguinea z'ereechen. Den Detroit gëtt allerdéngs no dem spueneschen Fuerscher Luis Vaez de Torres, deen do ee Joer méi spéit laanschtkënnt, benannt. Duerch dem Janszoon seng Entdeckunge beschléissen d'Regierungen vu Batavia gréisser Expéditiounen an de Süd-Pazifik. Den Abel Tasman entdeckt doropshin d'Insel déi méi spéit ënner sengem Numm bekannt gouf: Tasmanien. méi liesen...