Schabloun:WDS 1. Juli B
Ausgesinn
- ... de Lëtzebuerg-Effekt, deen dora besteet, datt de Radiosprogramm vun engem Laang- oder Mëttelwellesender schwaach am Hannergrond vun engem anere Sender ze héieren ass, eng éischt Kéier uganks den 1930er Jore bei Radio Lëtzebuerg observéiert gouf?
- ... de Kap Canaveral a Florida no de Lëtschefelder genannt gouf, déi do waren, an haut eng Metonymie fir d'Rakéitestartplazen do an der Géigend ass?
- ... de Film Congé fir e Mord vun Paul Scheuer 35 Joer laang de Rekord gehalen huet vum lëtzebuergesche Film mat deene meeschte Spectateuren, ier e vum Superjhemp retörns vum Félix Koch iwwerholl gouf?
- ... en Tangram aus fënnef Dräiecken, engem Carré an engem Parallelogramm besteet?
- ... d'Gemeng Ettelbréck 1850 an dräi gespléckt gouf, an esou d'Gemeng Schieren an d'Gemeng Ierpeldeng entstane sinn?