Schabloun:WDS 10. August
Ausgesinn
- ... de lëtzebuergesch-belsche Botaniker Jean Linden (1817-1898) mat deen éischte war, deen an Europa Orchideeë geziicht huet an dës am grousse Stil kommerzialiséiert huet?
- ... de Film Girl with a Pearl Earring mat der Scarlett Johansson an der Titelroll, bal ganz zu Lëtzebuerg gedréint ginn ass?
- ... déi sowjetesch Kosmonaute Juri Gagarin a Walentina Tereschkowa 1961, respektiv 1963, deen éischte Mann an déi éischt Fra am Weltall waren?
- ... d'Schengener Ofkommes um Schëff MS Princesse Marie-Astrid 2 ënnerschriwwe gouf, dat dono, als MS Regensburg, op der Donau ënnerwee war?
- … de Michel Gloesener vun Uewerkäerjeng d'Reversibilitéit vun der Induktioun am Dynamo erkannt huet an domat de Grondstee fir den elektresche Motor geluecht huet?