Walentina Wladimirowna Tereschkowa
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) Walentina Tereschkowa)
Walentina Wladimirowna Tereschkowa | |
---|---|
Gebuertsnumm | Валентина Владимировна Терешкова, Valentyina Vlagyimirovna Tyereskova |
Pseudonym | Чайка, Valentina |
Gebuer | 6. Mäerz 1937 |
Nationalitéit | UdSSR, Russland |
Aktivitéit | Astronaut, Politiker, Militär, Ingenieur, Pilot, Universitéitsprofesser, Deputéierten an der Duma |
Partei | Kommunistesch Partei vun der Sowjetunioun, Eenegt Russland, Eist Haus Russland |
D'Walentina Wladimirowna Tereschkowa (Валентина Владимировна Терешкова), gebuer de 6. Mäerz 1937 zu Bolschoje Maslennikowo bei Jaroslawl op der Wolga, ass eng russesch Kosmonautin. Si war déi éischt Fra am Weltraum.
U Bord vun der Raumkapsel Wostok VI ass d'Walentina Tereschkowa de 16. Juni 1963 vum Raumfaartzentrum Baikonur fortgeflunn, fir eng Rees duerch de Weltraum, déi bal dräi Deeg gedauert huet. D'Wostok VI ass vum Kosmodrom zu Baikonur (Kasachstan) aus gestart an huet d'Äerd 49-mol ëmkreest. Den 19. Juni ass se bei Nowosibirsk gelant, wou d'Tereschkowa begeeschtert empfaange gouf. Zu Moskau gouf se mam Titel Fliger-Kosmonaut vun der UdSSR geéiert.
1966 war si op Visitt zu Lëtzebuerg a gouf vum Groussherzog Jean emfaangen.[1]
Gielercher
[änneren | Quelltext änneren]- Zwéi Lenin-Uerden
- Medail "Gëllene Stär"
- Joliot Curie-Medail a Gold
- Éierentitel "Held vun der Sowjetunioun"
- en Dall um Mound gouf hir zu Éieren "Tereschkowa" genannt
- de World Connection Award iwwerreecht vum Friddensnobelpräisdréier Michail Gorbatschow zu Hamburg am Joer 2004
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Valentina Tereshkova – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Kuerzbiographie (de)
- Missiounsdaten (de)
- Eine Möwe im Weltall Berliner Zeitung vum 14./15 Juni 2008 (de)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ "Die "Möwe" wird 80." tageblatt.lu, 06. Mäerz 2017 09:30; Akt: 06.03.2017 09:40.