Schabloun:WDS 10. September
Ausgesinn
- ... d'Republik Andorra zwéi Staatscheffen huet, nämlech de franséische President Emmanuel Macron an de Joan Enric Vives i Sicília, Bëschof vu La Seu d'Urgell?
- … et zu Lëtzebuerg zwéi Vëlossportler mam Numm Nicolas Frantz gouf, woubäi een dovun, den Nicolas Frantz II, bei enger Course no enger Chute vun engem Auto iwwerrannt gouf, wéi e probéiert hat, säi Cousin mam nämmlechten Numm an zweemolegen Tour-de-France-Gewënner, z'iwwerhuelen?
- ... d'Bundesamt für Seeschifffahrt und Hydrographie zu Hamburg déi gréisst Sammlung vu Fläscheposten op der Welt huet?
- ... déi hollännesch Provënz Flevoland praktesch ganz aus Land besteet, dat dem Mier ofgewonne gouf?
- ... - 40 Grad Fahrenheit a - 40 Grad Celsius déi selwecht Temperatur uginn?