Schabloun:WDS 12. November B
Ausgesinn
- ... dem Franz Kafka seng net verëffentlecht Wierker net, wéi hien et a sengem Testament gewollt huet, verbrannt goufen, ma awer publizéiert goufen?
- ... den éischte Rock-Open-Air-Concert zu Lëtzebuerg de 6. Juni 1971 am Stade Achille-Hammerel, deemools dem Stadion vun der Union Lëtzebuerg, ofgehale gouf?
- ... den Anden-Kondor op de Wope vu Bolivien, Chile, Ecuador a Kolumbien ze fannen ass?
- ... de Film Irina Palm, deen 2007 den 3. Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Bescht Koproduktioun" krut, a Groussbritannien Ausléiser an Inspiratioun war vun der Irina Palm d'Or, enger ironescher Auszeechnung fir déi schlechtst brittesch Produktioun?
- ... de Videoclip Gangnam Style vum südkoreanesche Rapper Psy als éischten op der Plattform YouTube iwwer engmilliardmol opgeruff gouf?