Lëtzebuerger Filmpräis 2007

Vu Wikipedia
2007 krut dem Pol Cruchten säi Perl oder Pica de Publikumspräis

Déi drëtt Editioun vum Lëtzebuerger Filmpräis war den 30. November 2007 an der Rockhal. Sechs Persounen souzen an der Jury: d'Erna Hennicot-Schoepges, d'Caroline Mart, d'Elizabeth Conter, de Jan Vandierendonck, den Denis Darroy, den Duncan Roberts, an de Jo Kox.[1]

D'Präiszeremonie, déi vum Schauspiller Tom Leick moderéiert gouf, gouf am Kader vun der Lëtzebuerger Filmdeeg organiséiert, déi ënner dem Theema "Lux&volupté" gelaf sinn.

An de Course ëm de Präis waren 18 Kuerzfilmer an 30 Spillfilmer, vun deenen der 13 Koproduktioune waren.[1]

D'Jury, déi vun der fréierer Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges presidéiert gouf, huet 2007 zwéi Filmer als Beschte Film geéiert: Plein d'essence vun der Geneviève Mersch, eng Produktioun vu Samsa Film iwwer d'Aire de Berchem, gouf an der neier Kategorie vum beschten Documentaire ausgezeechent, wärend de polnesch-däitschssproochegen Your Name Is Justine vum Franco de Peña als beschte Spillfilm ausgezeechent gouf. En handelt iwwer eng polnesch Fra, déi zu Berlin an d'Prostitutioun gezwonge gëtt.[2]

Irina Palm vum däitsch-belsche Regisseur Sam Garbarski, dee seng Première op der Berlinale hat, gouf als bescht Koproduktioun geéiert, wärend dem Pol Cruchten säi lokalen Erfollegsfilm Perl oder Pica mam Publikumspräis konnt heemgoen.[2]

Den Donato Rotunno krut fir seng Aarbecht um Horror-Thriller In a Dark Place, enger Neierzielung vum Henry James senger Geeschtergeschicht "The Turn of the Screw", de Präis fir de beschten artistesche Bäitrag. De Filmediteur Thierry Faber krut no 2003 fir d'zweet Kéier de Präis fir déi bescht technesch Kontributioun.

De Komponist Jeannot Sanavia gouf dunn och nach fir d'Filmmusek vun Nuits d'Arabie präisgekréint. Dat war déi zweet a lescht Kéier, datt dee Präis verdeelt gouf.

De Parrainage vum Filmpräis haten d'Staatssekretärin fir Kultur Octavie Modert an den delegéierte Minister fir Kommunikatioun, de Jean-Louis Schiltz.[1] De Jean-Louis Schiltz war zu deem Zäitpunkt och Minister fir Entwécklung, Kooperatioun an Humanitär Saachen, dowéinst gouf och fir d'éischten a leschte Kéiert de Sukuma Millenium Award verdeelt, vun der däitscher Associtatioun Sukuma, déi sech fir eng gerecht und nohhalteg Globaliséierung asetzt. De Präis ass un e Clip fir nohaltegen Handel vum jonken Däitschen Niklas Warnecke gaangen.[3]

De Präis fir de beschten europäesche Film, deen et bei den zwou éischten Editioune gouf, gouf ofgeschaaft.

Palmarès:

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 filmfund.lu: Lëtzebuerger Filmpräis 2007 (gekuckt den 23. November 2021)
  2. 2,0 2,1 cineuropa.org: And the Filmpräis goes to… (3. Dezember 2007)
  3. Bulletin d'information et de documentation: Gouvernement du Grand-Duché de Luxembourg, Mai-Août 2007, S. 159