The Plot Spoiler
250px | |
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Originalsprooch | Englesch |
Equipe | |
Regie | Jeff Desom |
Dréibuch | Jeff Desom |
Fotografie | Jeff Desom |
Musek | Patrick Muller |
Produzent | Jeff Desom |
Schauspiller | |
Gilli Milligan als Stanley Kurtz Nik Glissnik als Dr. Zeiss Goff Gretsch als Indday | |
The Plot Spoiler ass de siwente Film vum Jeff Desom. De Film gouf tëscht 2003 an 2006 op MiniDV produzéiert. E gouf Am Hierscht 2005 op d'Initiativ vum Filmreakter hin an der Stad Lëtzebuerg an der Cinémathèque Municipale gewisen.
Inhaltsverzeechnes
Ëm wat geet et am Film?[änneren | Quelltext änneren]
D'Geschicht geet ëm de Stanley Kurtz, en zimmlech gestéierten Typ, deen a senger Kandheet nëmme Videorekorder souz an elo, als spleenegen Erwuessene mat seriéise Problemer am Beräich sozial Kontakter, an enger Videothéik schafft. De Problem bei der Saach: e bréngt et net iwwer sech, seng magistral Iwwersiicht iwwer déi Siwent Konschtform fir sech ze behalen. E verréit de Leit all ze gär de Schluss vun den Filmer am viraus. Iwwer d'Videokassett trëtt dann eng Sekt/Terrorzell, se nennt sech Ed Wood Vegetable Club, mat dem Kurtz a Verbindung.
An dësem Film sinn eng Onmass vun Uspillungen u Filmklassiker (an den Nimm vun de Personnagen, a Lokalitéiten, mä och a Biller an Zeenen) an och un d'Zäitgeschicht an d'Géigewaartsphenomener (Bommeleeër, TV- an VHS-Junkien, Terroristen,...).
Gielercher[änneren | Quelltext änneren]
- 3. Lëtzebuerger Filmpräis fir de beschte Kuerzfilm.