Schabloun:WDS 13. Januar

Vu Wikipedia
  • ... d'Kar keng klassesch Fruuchtzort ass, déi et schonn an der Antiquitéit gouf, mä villméi eréischt virun 2000 bis 3000 Joer als "Onkraut" an de Weessefelder vu Klengasien opkoum, wou et da mat rekoltéiert gouf?
  • ... op de Fënstere vun der Kierch Zowaasch verschidde Memberen aus der Grofefamill Saintignon an aner Stëfter vun der Kierch als Helleger duergestallt sinn?
  • ... bei der Krispines-Kapell, och Péiter Onrou genannt, um Lampertsbierg et bis virun net all ze laanger Zäit de Brauch gouf, Käerze mat dragepickte Spéngelen ofzebrennen, fir datt Männer, déi ontrei waren, solle "bestrooft" ginn?