Kierch Zowaasch
| ||||
---|---|---|---|---|
Uertschaft / Plaz | Zowaasch | |||
Numm / Patréiner | Hl. Barbara | |||
Konsekratioun | 1894 | |||
Desakraliséiert | 2019 | |||
Architekt(en) | Jacquemin | |||
Proprietär | Gemeng Déifferdeng | |||
Koordinaten | 49° 31’ 09’’ N 05° 50’ 18’’ O | |||
Kierchen - Kapellen |
D'Kierch zu Zowaasch war eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Déifferdeng Saint-François-d'Assise an zu der Gemeng Déifferdeng gehéiert huet.
De Patréiner war d'Helleg Barbara, där hiert Fest de 4. Dezember gefeiert gëtt.
Se steet an der Haaptstrooss op der südlecher Säit vun der Uertschaft. De Besëtzer ass d'Gemeng Déifferdeng.
Den 21. Juni 2017 gouf d'Kierch op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[1]
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Bis virun 1894 huet Zowaasch zur Par Déifferdeng gehéiert. D'Awunner hu misse bis op Déifferdeng an d'Mass goen an d'Kanner sinn och zu Déifferdeng gedeeft ginn. Well de Wee bis dohin awer laang a beschwéierlech ass, sinn d'Awunner léiwer op Zounen an d'Mass gaangen. Dat huet se besser arrangéiert, zemools well se déi franséischsproocheg Masse besser verstanen hunn, wéi déi däitschsproocheg zu Déifferdeng.
Fir d'Schoulkanner an d'Schwëstere gouf den deegleche Wee op Saulnes virun der Schoul awer ze ustrengend. De Wonsch vun den Awunner no enger eegener Kierch an engem eegene Paschtouer gouf ëmmer méi staark.
Am Joer 1892 koum et zu éischte Pläng a well praktesch de ganzen Terrain der Société Saintignon gehéiert huet, konnt nëmmen de Grof Saintignon selwer sech ëm de Bauprojet këmmeren. Sou gouf den ale Schlakentipp nieft dem Schmelzweier ausgewielt. D'Firma Logelin vun Déifferdeng war fir de Bau verantwortlech.
Déi neogotesch Kierch sollt un d'Sainte-Chapelle vu Paräis erënneren. Och un d'Zowaascher Biergaarbechter gouf geduecht. De Grof huet de Bau der helleger Barbara geweit an eng Statu vun der Biergaarbechterpatréinesch ass an engem klengen Tiermchen op der rietser Säit opgestallt ginn. D'Baumaterial ass deelweis mat der Eisebunn vu Lonkech erbäigeschaaft ginn, deelweis aus dem Zowaascher Bësch. En Deel vun de Steng ass aus engem Héichuewen, deen 1881 demontéiert gouf, d'Holz kënnt aus de Bëscher aus der Ëmgéigend. D'Fënstere si bis haut original erhalen.[2]
D'Kierch gouf den 9. September 1894 vum Bëschof Jean-Joseph Koppes an dem Déifferdenger Kaploun Jacob Klingenberg ageweit.
Den Déifferdenger Gemengerot huet den 21. November 2018 beschloss eng Prozedur vun der Entweiung vun der Kierch anzeleeden[3],[4]. An der Pressekonferenz vum Kierchefong de 4. Juni 2019 huet de Leo Wagener gesot, datt den Äerzbëschof d'Kierch per Dekreet entweit huet.[5]
Am Oktober 2021 gouf d'Kierch als ëffentleche Veranstaltungsraum ageweit.[6][7]
Den Altor
[änneren | Quelltext änneren]Béidsäiteg vum Altor huet e Moler Freske gemoolt, op deenen een d'Grouf an den décke Fiels erkennt.
Statu vun der Tréischterin
[änneren | Quelltext änneren]D'Statu vun der Tréischterin aus der entweiter Kierch, gouf am Mäerz 2020 vum Äerzbistum Lëtzebuerg der Par St. Margeret Mary zu Chicago geschenkt. Dës Par gouf 1921 vu Lëtzebuerger Auswanderer gegrënnt[8].
D'Fënsteren
[änneren | Quelltext änneren]Op de Kierchefënstere fënnt een d'Gesiichtszich vu Memberen aus der Grofefamill Saintignon an anere Stëfter vun der Kierch, duergestallt als Helleger:
- de Grof Fernand vu Saintignon als hellege Jean-Baptiste
- de Pierre Giraud als hellege Péiter
- d'Gräfin Louise Marie Catherine Legendre als Louis den Hellegen, Kinnek vu Frankräich
- d'Marie Thérèse vun Dartein als helleg Catherine
- de Colonel Merlin als hellege François vu Sales
- d'Pauline Legendre als helleg Pauline
- den Amidieu du Clos als hellegen Antonio vu Padua
Klacken
[änneren | Quelltext änneren]D'Zowaascher Kierch huet 3 Klacken déi zu Nanzeg an der Fonderie Jules Robert gegoss goufen. Si goufe wärend dem Bau ubruecht a vum Paschtouer J. P. Schou op follgend Nimm gedeeft:
- déi kleng Klack huet den Numm Françoise,
- déi mëttelst Klack huet den Numm Marie-Thérèse,
- déi grouss Klack huet den Numm Cathérine
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vu reliéise Gebaier zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun den nationale Monumenter an der Gemeng Déifferdeng
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Kierch Zowaasch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Kierch op der Websäit vum Parverband Déifferdeng
- D'Fënstere vun der Kierch vun Zowaasch op der Websäit vun der Stiftung Forschungsstelle Glasmalerei des 20. Jh. e. V. (de)
- Bärbels-Kierch: Déi éischt, déi entweit, renovéiert a lo nei affektéiert gëtt, op rtl.lu, 12. Oktober 2021
- Aweiung vun entweiter Kierch op der Zowaasch, RTL Télé, De Journal, 20. Oktober 2021
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).
- ↑ "D'Bäerbelekierch zu Zowaasch." rtl.lu, 24.08.2019 08:01.
- ↑ Gemengerot vum 21. November 2018, Punkt 5 Archivéiert de(n) 2019-01-31. Gekuckt de(n) 2018-11-21.
- ↑ Entweihung der Kirche von Lasauvage bestätigt op wort.lu, gelies den 21.11.2018
- ↑ Bilan no engem Joer Kierchefong op rtl.lu
- ↑ Luc Ewen, Das Zuhause der heiligen Barbara, Im September soll die renovierte und entweihte Kirche von Lasauvage offiziell eingeweiht werden, Luxemburger Wort, 8. Mee 2021, S.38
- ↑ Lucien Wolff, Zweites Leben für das Gotteshaus, Entweihte und restaurierte Sankt-Barbara-Kirche wird zum Zentrum für kulturelle Verantstaltungen, Luxemburger Wort, 21. Oktober 2021, S.26
- ↑ Cardinal Hollerich And Archdiocese of Luxembourg Donate Statue to Chicago Parish. The statue of Our Lady of Luxembourg comes from the former St. Barbara Church in Lasauvage, gelies op cathol.lu de 14.3.2020