Schabloun:WDS 15. Dezember
- ... deen nom Politiker Robert Schuman genannte Rond-point Robert-Schuman an der Stad Lëtzebuerg, grad wéi deen zu Bréissel, allen zwéin zwar "Rond-Point" heeschen, awer keng Intersection à sens giratoire obligatoire, wéi s'am Code de la route virgesinn ass, sinn?
- ... den Europäesche Maulef op der Insel Groussbritannien, awer net op Irland virkënnt?
- ... de Film Déi zwéi vum Bierg am Dréibuch Di zwéi vum Bierg an um Filmplakat Déi zwee vum Bierg housch?
- ... Léck tëscht August 1789 a Januar 1791 eng Republik war?
- ... den Doud vum Deputéierten Aly Duhr, den 1. Januar 1974, als Konsequenz hat, datt d'CSV bis d'Walen am Mee 1974 mat engem Deputéierte manner an der Chamber vertruede war, well kee méi op hirer Lëscht vum Ostbezierk stoung, deen nach hätt kënnen noréckelen?