Schabloun:WDS 20. Januar
Ausgesinn
- ... de lëtzebuergesch-franséischen Archeologekoppel Joseph Hackin a Ria Hackin-Parmentier 1941 beim Ënnergang vum Cargoschëff SS Jonathan Holt , dat torpedéiert gouf, ëm d'Liewe koumen?
- ... d'Iddi fir den Eiffeltuerm vum Elsässer Ingenieur Maurice Koechlin war?
- ... den Aristarch vu Samos (ëm 310 - ëm 230 v. Chr.) och alt "griichesche Kopernikus" genannt gëtt, well hien als ee vun den Éischten d'heliozentrescht Weltbild vertratt huet, no deem d'Sonn an net d'Äerd am Zentrum vum Weltall stéing?
- ... d'Luxemburger Wort déi eelst lëtzebuergesch Dageszeitung ass, déi praktesch ouni Ënnerbriechung bis haut existéiert?
- ... de Krater vun Derweze an Turkmenistan zanter 1971 am Gaang ass ze brennen, an dowéinst vun de Leit vun do den Numm Paart vun der Häll krut?