... d'Plakeg Maulefsraten (Heterocephalus glaber) a grousse Kolonië liewen, déi vu jee engem Weibchen dirigéiert ginn, dat sech, wéi bei de Beien, exklusiv ëm d'Reproduktioun këmmert?
... "Ketty Maus" den Numm vun enger fiktiver Fra ass, deen op Modeller vu lëtzebuergesche Päss gebraucht gëtt?
… am Karni-Mata-Tempel zu Deshnok an Indien eng 20.000 Rate liewen, déi als helleg gëllen an deenen do Friesse geaffert gëtt?
... d'Bisamrat keng Rat ass, mä villméi zu de Wullmais (Arvicolinae) gehéiert, vun deene se de gréisste Vertrieder ass?
... D'Ro'd Wullmaus eng lëtzebuergesch Schülerzeitung aus de Joren 1969-1973 war, déi wéinst hiren antiautoritären Texter a Karikaturen och alt de Prozess gemaach krut?