Capybara

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Déierenaart Capybara. Fir de Verlag, kuckt wgl. Capybara Books.
Capybara
Waasserschwäin
Capybara (Hydrochoerus hydrochaeris)

Capybara (Hydrochoerus hydrochaeris)
Capybara (Hydrochoerus hydrochaeris)
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Mamendéieren
Uerdnung: Knabberdéieren
Famill: Mierschwéngercher (Caviidae)
Gattung: Hydrochoerus
Wëssenschaftlechen Numm
Hydrochoerus hydrochaeris
Linnaeus, 1766)

D'Capybara oder Waasserschwäin (Hydrochoerus hydrochaeris) ass eng Mamendéierenaart aus der Famill vun de Mierschwéngercher (Caviidae). Zesumme mam Panama-Capybara (Hydrochoerus isthmius) bilt et d'Gattung Hydrochoerus. Et ass dat gréisst Knabberdéier dat haut lieft.

D'Capybara wunnt a fiichte Regioune vu Südamerika an ass vum Kierperbau hier optimal u seng Liewensweis, déi sech eng grouss Zäit am Waasser ofspillt, ugepasst: Et huet Schwammhait tëscht den Zéiwen; an d'Aen, d'Oueren an d'Nueslächer sinn op enger Linn, sou datt et de Kapp bal ganz ënner Waasser zappe kann.

Erwuessen Exemplare gi vu Kapp bis Schwanz 100 bis 134 Zentimeter laang an op der Schëller 50 bis 62 Zentimeter héich, woubäi d'Weibchercher eppes méi grouss sinn. Si kënne bis zu 75 Kilogramm schwéier ginn.

Capybarae si frëndlech sozial Knabberdéieren a stelle keng Bedroung fir aner Déieren duer.[1]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Capybara – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Capybaras With Other Animals. capybarawiki.org, nogekuckt 2023-04-20