Schabloun:WDS 22. Mäerz
Ausgesinn
- ... ronn all zweete Vietnamees mam Familljennumm Nguyễn heescht?
- ... de lëtzebuergesch-amerikaneschen Erfinder a Science-fiction-Auteur Hugo Gernsback (1884-1967) sech a senge Geschichten eng ganz Rëtsch technesch Konzepter ausgeduecht huet, déi eréischt an de Joerzéngten duerno developpéiert konnte ginn?
- ... d'Walnut Lane Bridge zu Philadelphia eng Kopie aus arméiertem Bëtong vun der Neier Bréck (Adolphe-Bréck) an der Stad Lëtzebuerg ass?
- ... d'Joer 238 och Sechskeeserjoer genannt gëtt, well sechs Männer no- a mateneen vum Senat als Keeser vum Réimesche Räich unerkannt goufen?
- ... de franséische Komponist Maurice Ravel 1937 ee Joer laang zu Munneref am Hotel Grand-Chef gewunnt huet?