Schabloun:WDS 28. Dezember

Vu Wikipedia
  • ... den Olympus Mons um Mars mat iwwer 22 km Héicht iwwer dem mëttlere Planéitenniveau a 26 km iwwer der Plateausdéift an engem Duerchmiesser vu bal 600 km deen héchsten a gréisste bekannte Bierg am Sonnesystem ass?
  • ... Klierf, den Houwald, Esch-Sauer an d'Kautebaach déi éischt Uertschaften zu Lëtzebuerg waren, déi eng Gemeinschaftsantenn haten an dat, nach ier et 1967 e Gesetz dofir gouf?
  • ... de lëtzebuergeschen Entreprener Théodore Pescatore (1871-1931) schonn 1904 eng Firma (L'Auto mixte) gegrënnt huet, fir Hybrid-Gefierer ze bauen?
  • ... den 1900 gebaute Liichttuerm Rubjerg Knude Fyr an Dänemark 2019 eng 70 Meter an d'Hannerland geréckelt gouf, fir dass en net an d'Mier soll falen?
  • ... den Zockerbäcker Nicolas Namur, ier e säi Betrib an der Stad Lëtzebuerg gegrënnt huet, 1854 bis 1861 Pâtissier a Kalifornien war?