Schabloun:WDS 30. Oktober
Ausgesinn
- ... d'Stad Limbourg weeder an der belscher nach an hollännescher Provënz Limburg läit, deene se den Numm ginn huet, ma an der Provënz Léck?
- ...d'Carmen Pereira 1984 wärend dräi Deeg d'Amt als Presidentin vu Guinea-Bissau hat an domat déi éischt Fra an där Positioun an Afrika war?
- ... et Legenden, awer keng schlësseg Erklärunge gëtt, wéi a firwat d'Pierre Brunehaut, e Monolith an der belscher Provënz Hainaut, op déi Plaz koum, wou en haut steet?
- ... de Boulevard de la Recherche um Belval op knapps 300 Meter duerch Frankräich geet?
- … den zweeten an deen drëtte President vun de Vereenegte Staate genee de selwechten Dag, de 4. Juli 1826, gestuerwe sinn?