Schabloun:WDS 52
Ausgesinn
- ... de Schwaarze Spiecht, dee virun dem Ufank vun den 1960er Jore just an de Biergbëscher an Nord- an Zentraleuropa doheem war, sech zanterhier am flaache Land bis op den Atlantik breetgemaach huet, ouni datt genee gewosst ass firwat?
- … de Jean-Baptiste Nothomb (1805-1881) ee vun de "Pappe" vun der Belscher Verfassung war?
- ... den Olympus Mons um Mars mat iwwer 22 km Héicht iwwer dem mëttlere Planéitenniveau a 26 km iwwer der Plateausdéift an engem Duerchmiesser vu bal 600 km deen héchsten a gréisste bekannte Bierg am Sonnesystem ass?
- ... d'Haus Höcklin von Steinach um Krautmaart warscheinlech dat eelst Wunnhaus an der Stad Lëtzebuerg ass, dat nach erhalen ass?
- …d'Zuel vun de Gemengen zu Lëtzebuerg tëscht de Joren 1830 an 1891 vun 120 op 130 eropgoung, fir dann nees, duerch Fusiounen, op déi aktuell 100 erofzefalen?
- ... de Julien Lefèvre Lëtzebuerg 1936 op den olympesche Summerspiller als Sculpteur an op de Wanterspiller als (Ersatz-)Bobfuerer vertrueden huet?