Schwaarze Spiecht

Vu Wikipedia
Schwaarze Spiecht
Schwaarze Spiecht

Schwaarze Spiecht
Schwaarze Spiecht
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Spiechtvullen
Famill: Spiechten
Ënnerfamill: Echt Spiechten
Gattung: Dryocupus
Aart: Schwaarzspiecht
Wëssenschaftlechen Numm
Dryocopus martius
Linnaeus 1758
Dryocopus martius pinetorum

De Schwaarze Spiecht (Dryocopus martius) ass de gréisste vun den europäesche Spiechten. E ka bis 51 cm grouss ginn.

Seng Plomme si schwaarz an en huet eng rout Käppchen (bei de Weibercher nëmmen am Genéck). En huet kleng giel Aen an en zolitte Schniewel. De Schwaarzspiecht lieft an de Bichen- an Dännebëscher a säi Getrommels ass vu wäitem ze héieren.

Hie mécht säin Nascht andeems a gesond Beem (normalerweis Bichen) eng Hiel meesselt déi wéi e Pëtz no ënne geet (bis 50 cm déif). D'Weibche leet dann 3-4 Eeër, an d'Brutzäit ass kuerz (12 Deeg). Déi jonk Spiechte fléien no 28 Deeg aus dem Nascht.

Ausser der Brutzäit ass et e sesshafte Vull an Eenzelgänger. Seng Näschter ginn no senger Brut och vun aneren Déiere benotzt wéi vum Steekueb (Corvus monedula), dem Klenge Kazekapp (Aegolius funereus), dem Bammarder (Martes martes), a souguer vun enger Intenzort der Schellint (Bucephala clangula).

De Schwaarze Spiecht war ëmmer an de Biergbëscher an Nord- an Zentraleuropa doheem, mä zanter dem Ufank vun den 1960er Joren huet e sech am flaache Land bis op den Atlantik breet gemaach, ouni datt genee gewosst ass firwat. Et gëtt ugeholl datt et duerch Ëmstelle vu forstleche Praktiken ass, mä d'Ornithologe verrenne sech och a verschiddenen Opfaassungen.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • (fr) Michel Cuisin: « Essai d'une monographie du Pic noir Dryocopus martius », Alauda, 1967-1968.
  • (fr) R. Peterson, G. Mountfort, H. Hollom / P. Géroudet: Guide des oiseaux de France et d'Europe. Éditions Delachaux et Niestlé. ISBN 2-603-01446-3
  • (fr) « Les aventures d'Arsène Lepic » dans La Hulotte, n°82, 2002. ISSN 0337-2154
  • (en) Hans Winkler, David Christie, David Nurney: Woodpeckers. Pica Press, 1995. ISBN 1-873403-25-9

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schwaarze Spiecht – Biller, Videoen oder Audiodateien