... Ausléiser vum Streik op der Déifferdenger Schmelz 1912 d'Aféierung vun enger obligatorescher Kotisatioun an d'Renten- an Invalidekeess war, déi vum Loun ofgehale gouf?
... ee Paneau vum Genter Altor, deen 1934 gestuel gouf a bis haut net nees opgedaucht ass, an engem Roman vum Albert Camus eng net onwichteg Roll spillt?
... Lanzarote déi éischt Insel war, déi 1993 vun der UNESCO ganz als Biosphärereservat erkläert gouf?
... den Héichpunkt vun de Louhecken zu Lëtzebuerg an der Mëtt vum 19. Joerhonnert louch, wéi wéinst der grousser Nofro no Eecheschuelen fir d'Gierwereien vill Bichebëscher mat Louhecken ersat goufen?