Schabloun Diskussioun:Lëtzebuerg Gemengen Populatioun

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Moien IP,

Merci fir dës Schabloun! E puer kleng Commentairen, wann s D'erlaabs:

Wier et méiglech, eng änlech ze zwaffe fir d'Joer vun der Awunneruel (déi och an de Gemengekëschte steet)? Oder awer dëst hei mat anzebauen? Da misst een dat net all Joers op 105 Säite vun Hand ännere goen, mee et géif automatesch aktualiséiert ginn, wann dës Schabloun hei aktualiséiert géif.

An da wier et flott, wann d'Foussnout op d'Statec-Säit och op de Gemenge-Säite mat ugewise géif.

Vläit ass et och sënnvoll, d'Schabloun hei an eng Populatioun vun de Lëtzebuerger Gemengen ze integréieren, da geséich een op ee Siess, wou een drunn ass.

Villmools merci am viraus!

Bescht Gréiss, --Zinneke (Diskussioun) 11:42, 25. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]

Fantastesch, dat goung séier, Merci! Lo misste mer just nach (am beschten zu e puer) déi néideg Ännerungen an de Schabloune vun de Gemenge maachen. --Zinneke (Diskussioun) 13:35, 25. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]
PS Mell dech vläit ënner engem Pseudonym un, dat mécht Diskussioune méi einfach.


Eng Gutt Saach a wann d'Gemeinschaft virdrun informéiert gi wier dann hätt vill Aarbecht kënne gespuert ginn well de Roboter d'Ännerungen hätt kënne maachen. Dat just zur Informatioun fir zukünfteg änlech Aarbechten --~~
Ech hu bei 20 (Buschtaf D) opgehal. De Robotter ka gär déi reschtlech 85 iwwerhuelen.--Zinneke (Diskussioun) 14:21, 25. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]
Majo, ech haat net domat gerechent esou wäit an den Detail ze goen, ee Benotzernumm maachen ech mer warscheinlech gläich. Merci fir di schéin Dokumentatiounssäit! Ech hu mech fir d'Gemengenimm un d'Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen gehal, mee ech weess net, waat méi stabil ass: déi Lëscht oder d'Titele vun de Wiki-Artikelen? Ps: Dir hutt nawell e seriöen Tempo hei drop, chapeau! bescht Gréiss,158.64.105.58 14:31, 25. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]

Moien Zinneke ech probéieren ob dat elo nach ouni groussen Opwand geet am anere Fall mellen ech mech nach eng Kéier. Ech muss duerfir fir d'éischt Schabloun liicht iwwerschaffen an da probéieren. --Les Meloures (Diskussioun) 14:38, 25. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]

Et geet zimmlech einfach a séier vun Hand (wann et och net grad dat Sapnnendst ass). Soubal s De mierks, datt et ze laang géif daueren, dat Béischt ze programméieren, looss et sinn. Ech maachen dann an den nächstgen Deeg sträppweis de Rescht.--Zinneke (Diskussioun) 15:03, 25. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]
Moien nachengker [lo frësch mat Benotzerkont], Zinneke, Merci fir déng Méih! ech probéieren dir an deene nächsten Deeg e bëssen dobäi ze hëllefen. Ech hun elo och nach een anere Wee fonnt, deen och villverspriechend kléngt: Wikidata. Ech hun et am Artikel Gemeng Sëll ausprobéiert, an do klappt et tipptop. Dee Moment kéint een d'Formel fir d'Awunnerzuel och direkt an d'Infobox abauen? (mat enger Iwwerschreifoptioun falls et keng Donnéen am wikidata ginn) Ech maa mech elo mol e bësse schlau, waat et domat am Detail op sech huet, a wéi een d'Donnéeen am Wikidata kann aktualiséieren Zéngtchen (Diskussioun) 15:31, 28. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]
Moien och, mol nach eng Kéier Merci fir déi Aarbechten déi mir allerdéngs zimmlech komplizéiert virkomme fir eng einfach Zuel ze reproduzéieren. D'Gefor ass ëmmer datt wann de Spezialist veschwënnt, a wann och nëmmen deelweis (wat schonn alles de Fall war) da sti mer mat der dommer Nues do wann et ee Problem gëtt. Trotzdeem Merci datt mol Saache probéiert ginn déi fir d'Zukunft Aarbecht kënne spueren. --Les Meloures (Diskussioun) 16:13, 28. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]

Op Suggestioun vum Zinneke hun ech des Säit ugeluecht, mee d'Zortéire funktionnéiert wéint dem Dausenderespace. Also am beschten "Réi Daten" an dëser Schabloun?

Am beschte wier a.m.A. e Punkt, fir d'Dausender ze trennen. Vläit geet d'Zortéieren dann?--Zinneke (Diskussioun) 14:55, 25. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]
elo funktionnéiert et mat ach und Krach. Et ass vläicht méi einfach, Dausenderpunkten, -Espacen, -Kommaen etc. nodréiglech ze formatéieren? (zB an der Schabloun:Infobox Uertschaft Lëtzebuerg?)158.64.105.58 15:03, 25. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]

Dokumentatioun[Quelltext änneren]

Firwat gouf d'Dokumentatioun sou wéi se soll sinn nees eraus geholl --Les Meloures (Diskussioun) 14:43, 25. Feb. 2015 (UTC)[äntweren]

sorry, mäi Feeler; war bei engem Edit ewechgefall. --Z.