Schelte John Bus
Ausgesinn
| Schelte John Bus | |
|---|---|
| Gebuer |
18. Dezember 1956 New York |
| Nationalitéit | USA |
| Educatioun |
Massachusetts Institute of Technology, California Institute of Technology |
| Aktivitéit | Astronom |
| Bestuet mat | Ellen Suzanne Howell |
| Websäit | http://www.ifa.hawaii.edu/users/sjb/default/bus.shtml |
|
| |
De Schelte John ("Bobby") Bus, gebuer den 18. Dezember 1956, ass en US-amerikaneschen Astronom, deen haaptsächlech Asteroiden a Koméiten erfuerscht. Hie schafft fir d'Universéit vun Hawaii als Fuerscher souwéi als Assistent (support astronomer) um Infrarout-Teleskop vun der NASA (IRTF) am Mauna-Kea-Observatoire.
De Bus huet iwwer dausend Asteroiden entdeckt (e puer zesumme mat der Eleanor Helin) souwéi e Koméit (87P/Bus). Den Asteroid (3254) Bus (1982 vum Edward L. G. Bowell entdeckt) ass nom Bus benannt.
Hie war mat der Astronomin Ellen S. Howell (gestuerwen 2009) bestuet.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Bus' Homepage Eng Foto vum S.J. Bus
