Op den Inhalt sprangen

Schillenboer

Vu Wikipedia
E "Schielebauer" mat senger Kärchen 1945 zu Amsterdam.

Als Schillenboer (Hollännesch fir Schielebauer) gouf am 20. Joerhonnert eng Persoun an Holland bezeechent, déi mat engem Won oder enger Kärche bei d'Hausdier komm ass, fir Geméisoffall, aalt Brout an aneren Offall, deen als Fudder fir d'Véi konnt gebraucht ginn, anzesammelen. An der Reegel war de Schillenboer en aarmen Ziichter mat engem klenge Véibestand.[1]

D'Leit hunn den Offall, dee se dem Schillenboer ginn hunn, net an d'Dreckskëscht gehäit, mee an e separaten Eemer gemaach.[2]

Och zu Berlin gouf dee Beruff 1915 vun der Regierung agefouert, fir d'Liewensmëttelverschwendung ze bekämpfen.[3]

Mat der Aféierung vun der Trennung tëscht dem organeschen an dem aneren Offall sinn d'Schillenboeren an Holland no an no verschwonnen. Och nei Hygiènesvirschrëften, déi et verbidden, datt déi organesch Offäll, déi bei der Hausdier gesammelt ginn, als Déierefudder gebraucht ginn, hunn dozou bäigedroen.[4]

Am 21. Joerhonnert goufen et e puer kuerzlieweg Experimenter, fir d'Roll vum Schillenboer erëm anzeféieren, dorënner zu Rotterdam (2000-2001),[5] Apeldoorn (2009-2013)[6],[7] an Nijmegen (2018).[8]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. De Telegraaf: Bij de schillenboeren (Säit 7, 29. Oktober 1927)
  2. Algemeen Handelsblad: Wat gij moet weten: vuilnisbak en schillenemmer (Säit 12, 22 Oktober 1927)
  3. De Tijd: De schillenman aan 't werk (2. Februar 1915)
  4. De Waarheid: Schillenboeren bedreigd door voederverbod van afval (Säit 12, 13. Oktober 1987)
  5. Trouw: Schillenboer voor het plezier en uit idealisme (10. Oktober 2000)
  6. Binnenlands Bestuur: Comeback schillenboer in Apeldoorn (8. Januar 2009)
  7. Groen Links Apeldoorn: Jammer! De moderne schillenboer komt straks niet meer..... (21. Januar 2013)
  8. AD.nl: "Mag ik me voorstellen? Youssef, uw schillenboer" (9. Maërz 2019)