Schlass vu Fenffe

Vu Wikipedia
Schlass vu Fenffe
Land Belsch
Gemeng Houyet
Koordinaten 50°10'57,0"N, 5°5'15,0"O
Proprietär Donation royale
Haaptafaart vum Schglass

D'Schlass vu Fenffe ass e Schlass zu Fenffe an der Gemeng Houyet an der Provënz Namouer. De Bau wéi en aktuell do steet, geet op d'Enn vum 16. Joerhonnert zeréck a gläicht engem Schlass mat Bauerenhaff ((fr) château-ferme).

D'Schlass huet e Gaart an eng Terrass mat Vue op Weieren an e Park an deem eng Rëtsch al Eeche stinn. Am Beréng ass och eng Kapell aus dem Joer 1717.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Zesumme mat der klenger Uertschaft Hérock war Fenffe eng Herrschaft, an d'Schlass war de Sëtz dovun. 1317 huet d'Famill Fenffe do gewunnt ier et an der Mëtt vum 14. Joerhonnert duerch Bestietnes an d'Hänn vun der Famill de Waha iwwergaangen ass. Den 3. Februar 1580 huet d'Lambertine de Croÿ, Gräfin vu Berlaymont an Damm vu Hierges d'Schlass kaaft ier s'et un de Charles de Poitiers vu Léck vermaacht huet.

Proprietären duerno waren de Jacques vu Rouvroy (26. Juni 1643), de François-Joseph, Gouverneur vun der Grofschaft Namour (18. Joerhonnert) an den Dokter Théodore Delvaux vu Rochefort (12. Juni 1784). 1891 hunn deem seng Nofollger d'Schlass dem Kinnek Leopold II vun der Belsch verkaaft, deen et dunn 1903 - zesumme mat aneren Immobilien - der Donation royale iwwerlooss huet.

Et huet kee sech méi ëm d'Schlass gekëmmert an et ass ëmmer méi verfall, ier et 1966 dra gebrannt huet. No zerguttste Restauratiounsaarbechten an de Joren 1967 an 1968 gouf d'Schlass den zweete Wunnsëtz vun de Prënze vu Léck, dem Prënz Albert an der Prinzessin Paola.

Wéi den Albert II 1993 Kinnek gouf, ass d'kinneklech Koppel op Ciergnon geplënnert an huet Fenffe senge Kanner iwwerlooss.

Well den Entretien ze deier war, stoung d'Schlass eng Zäit an der Locatioun[1].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schlass vu Fenffe – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Qui veut louer le château royal de Fenffe, trop grand pour Albert et Paola?. sudinfo.be (15.10.2014). Gekuckt de(n) 10.05.2022.