Schlass vu Wodémont

Vu Wikipedia

D'Schlass vu Wodémont steet an der belscher Gemeng Dalhem an der Sektioun vun Neufchâteau, an der Provënz Léck.

Et steet op engem Ausleefer vun engem Plateau, a kuckt iwwer den Dall vun der Berwinne. Fréier war et eng wichteg Verdeedegungsplaz vum Herzogtum Limburg, well d'Berwinne am Dall ënnendrënner d'Grenz gemaach huet tëscht der Grofschaft Dalhem an dem Herzogtum.

Ëm 1063 huet d'Schlass Waldaumont geheescht, duerno Waldenborch a Waldenberge. 1143 gëtt et an enger laténgescher Schrëft als Waldemonte ernimmt.

Dat aalt Schlass huet nëmmen aus engem Buergfrid aus dem 11. Joerhonnert bestane, mat zwéi Stäck, an zwéi Meter décke Mauren.

De südlechen Deel gouf am 17. Joerhonnert gebaut, an dat lescht Gebai gouf 1860 ugebaut.

D'Schlass vu Wodémont vun der Kopp vun Neufchâteau aus gesinn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]