Schluecht vu Cuito Cuanavale

Vu Wikipedia

D'Schluecht vu Cuito Cuanavale (1987-88) war eng Schlucht am angolanesche Biergerkrich. Bekämpft hu sech d'angolanesch Arméi, déi vun der MPLA-Regierung kontrolléiert gouf a vu Kuba an dem Ostblock Ënnerstëtzung krut, an d'UNITA, ënnerstëtzt vun den USA a Südafrika. D'Schluecht bei der Stad Cuito Cuanavale am Südoste vun Angola, wou et eng Militärbasis aus portugisescher Kolonialzäit gouf, war eng vun de gréisste Schluechten um afrikanesche Kontinent am 20. Joerhonnert.[1][2][3]

Keng vu béide Säite konnt eng endgülteg Victoire fir sech beusprochen, mee d'Schluecht an de spéideren Zesummebroch vun der Sowjetunioun gëllen trotzdeem als Wendepunkt, deen zur Befreiung vun engem groussen Deel vum südlechen Afrika an dem Enn vun der Apartheid a Südafrika bäigedroen huet.[1][4]

D'Schluecht[änneren | Quelltext änneren]

Kaart vun Angola mat der Uertschaft Cuito Cuanavale

Am Juli 1987 huet d'angolanesch Arméi am Südoste vum Land eng grouss Offensiv géint dem Jonas Savimbi seng Truppe vun der UNITA lancéiert. Ënnerstëtzt goufe si dobäi vu kubaneschen Truppen a sowjeteschen Offizéier.[5] Wéi déi Offensiv ugefaangen huet eng Erfolleg ze ginn, ass d'südafrikanesch Arméi (South African Defence Force oder SADF), déi de südlechen Deel vum Südweste vun Angola kontrolléiert huet, iwwer de Südosten intervenéiert. Et war am Interessi vun der Südafrikaner, datt d'UNITA net ënnergeet a weiderhin d'Regioun ëm Cuito Cuanavale kontrolléiert, well soss d'Stabilitéit a Südwestafrika (dat haitegt Namibien) a Gefor wier a Rebelle vum African National Congress eng Basis am Angola kéinten erriichten.[5] Ufank November huet d'SADF Elitetruppe vun der angolanescher Arméi agekreest a war prett, fir si ze zerstéieren.[4]

De Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen huet vun der SADF verlaangt, datt si sech ouni Konditiounen aus Angola zeréckzéien, mee dem US-amerikanesche President Ronald Reagan seng Administratioun huet dofir gesuergt, datt dat nëmmen eng eidel Fuerderung sollt bleiwen, wéi den Chester Crocker, Assistant Secretary for Africa vun der amerikanescher Regierung, dem südafrikanesche Botschafter bestätegt huet. Dat huet der SADF Zäit gi fir der angolanescher Arméi hir bescht Unitéiten z'eliminéieren.[4]

Bis Ufank 1988 waren d'südafrikanesch Militär a westlech Diplomaten iwwerzeegt, Cuito Canavale géif falen, wat e schwéiere Schlag fir d'angolanesch Regierung gewiescht wier.[4]

Mee de 15. November 1987 hat de kubanesche President Fidel Castro entscheet, dausenden zousätzlech Zaldoten a Waffen an Angola ze schécken.[5] Esou sinn déi bescht kubanesch Fligeren mat de beschte Piloten, déi sophistiquéiertste Fligerofwierwaffen an déi modernste Panzere an Angola ukomm. Dem Castro säin Zil war et net nëmme Cuito Canavale ze beschützen, et war d'Südafrikaner endgülteg aus Angola ze verdreiwen.[4]

Den 23. Mäerz 1988 hunn d'Südafrikaner hir lescht grouss Attack op Cuito Canavale lancéiert, déi awer duerch eng effikass Zesummenaarbecht tëscht den Angolaner an de Kubaner gestoppt ginn ass.[5] Duerno war et um Tour vun de Kubaner zouzeschloen. Grouss kubanesch Trupperverbänn sinn duerch Südwestangola Richtung namibesch Grenz marschéiert. Impressionéiert vun der Stënterlechkeet an der Skala vun der kubanescher Avancée, a well si der Meenung waren eng weider grouss Schluecht géif eescht Risike matsechbréngen, hunn d'Südafrikaner sech zum Réckzuch aus Angola entscheet.[4]

Konsequenze vun der Schluecht[änneren | Quelltext änneren]

De 26. Mee 1988 huet de Chef vun den SADF annoncéiert, datt schwéier bewaffent kubanesch a SWAPO-Truppen, déi fir d'éischte Kéier direkt mateneen zesummeschaffe géifen. Si géife Richtung Süden avancéieren a wiere manner wéi 60 Kilometer vun der namibescher Grenz ewech. Kubanesch Kampffligeren sinn iwwer Namibien geflunn, wat eng dramatesch Wendung vun de Jore virdru war, wéi d'SADF de Loftraum kontrolléiert hat.[4][5]

Wärend dem Castro seng Truppen sech a Richtung Süde beweegt hunn, hunn d'Kubaner, d'Angolaner, d'Südafrikaner an d'Amerikaner mat verhandelen ugefaangen. Zwou wichteg Froe stoungen am Raum: ob Südafrika endlech d'Resolutioun 435 vum UNO-Sécherheetsrot géif implementéieren, déi d'Onofhängegkeet vun Namibien gefuerdert huet,[6] an ob sech all d'Parteien op en Zäitplang fir de Réckzuch vun de kubaneschen Truppen aus Angola kéinten eenegen.[4]

Wéinst der militäresch Stäerkt an de Verhandlungsfähegkeete vun de Kubaner huet Südafrika schlussendlech der Onofhängegkeet vun Namibien mussen zoustëmmen. De leschte südafrikanesche Zaldot hat Angola schonn den 30. August verlooss, nach éier d'Verhandlungen iwwerhaapt ugefaangen haten.

Och nach am Ufank vum 21. Joerhonnert gëllt Angola a besonnesch d'Ëmgéigend vu Cuito Canavale als eng vun den am stäerkste verminnte Géigenden op der Welt.[1] Den Halo Trust, eng brittesch ONG, déi Landminnen entsuergt, huet an Angola Landminnen aus 22 verschiddene Länner fonnt.[1] Vun den 93.000 Landminnen, déi den Halo Trust bis 2017 an Angola entsuergt hat, koume méi wéi een Drëttel aus der Géigend vu Cuito Cuanavale. Et gëtt geschat, datt der nach e puer 10.000 an a ronderëm d'Stad leien.[1]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 1,4 The New York Times: In Angolan Town, Land Mines Still Lurk ‘Behind Every Bush’ (26. Abrëll 2017)
  2. Pambazuka News: Horace Campbell - Cuito Cuanavale: A Tribute to Fidel Castro and the African Revolution (3. Juni 2008)
  3. Jeune Afrique: Pierre Houpert: Ce jour-là : le 12 janvier 1988, début de la bataille de Cuito Cuanavale, apogée de la présence cubaine en Afrique (12. Januar 2017)
  4. 4,0 4,1 4,2 4,3 4,4 4,5 4,6 4,7 Mail & Guardian: Piero Gleijeses - Cuito Cuanavale revisited (11. Juli 2007)
  5. 5,0 5,1 5,2 5,3 5,4 South African History Online: Battle of Cuito Cuanavale 1988 (22. Oktober 2012)
  6. Resolutioun 435 vum UNO Sécherheetsrot aus dem Joer 1978