Schorenshaff
Schorenshaff | |
---|---|
Aussprooch | |
An anere Sproochen | de: Schorenshof |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Gréiwemaacher |
Gemeng |
Biwer Gréiwemaacher Manternach |
Buergermeeschter |
Marc Lentz Monique Hermes (CSV) J.-P. Hoffmann |
Koordinaten |
49° 41’ 27.1’’ N 06° 24’ 21.2’’ O |
De Schorenshaff ass e Lieu-dit an e Bauerenhaff am Kanton Gréiwemaacher.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]De Lieu-dit läit op enger Héicht vun 277 m, südëstlech vu Wecker, op der Kräizung vum CR133 mam CR139. Den CR133 dee vum Schorenhshaff op Wecker leeft, mécht d'Grenz tëscht der Gemeng Manternach am Norden an de Gemenge Biwer (am Südwesten) a Gréiwemaacher (am Südosten).
Déi eenzeg Postadressen (Haiser 1 an 2) leien an der Gemeng Manternach, iwwerdeems e Stall vis-à-vis vum Haff um Territoire vu Gréiwemaacher läit.
„Poelzig-Haus“
[änneren | Quelltext änneren]Nërdlech vum Bauerenhaff steet um Flouer Wäibierg en hëlzene Chalet deen 1921 vum däitschen Architekt Hans Poelzig entworf gouf. Op engem einfache rechtwénkelegem Grondrëss huet de Poelzig d'Haus entworf fir datt et an den „Deutschen Werkstätten“ a Serie kéint hiergestallt ginn. Aus dem Projet ass awer näischt ginn.
D'Haus gouf 1921/22 am Optrag vun engem Member vun der Famill Esslen gebaut, déi och Proprietär vum Haff war. Wéinst Streidereie bannent der Famill huet de Bauhär de Chalet opginn an e stoung eng Zäitchen eidel. 1953 huet den Holzhändler Victor Sinner de Chalet kaaft a komplett renovéiert. 1984 ass en dunn nees an aner Hänn komm[1].
De Chalet ass den 23. Oktober 2020 absënns wéinst senger Authentizitéit a well e charakteristesch fir d'Entsteeungszäit ass, als nationaalt Monument klasséiert ginn[2].
Biller
[änneren | Quelltext änneren]Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Commission des sites et monuments nationaux (« COSIMO »). ssmn.public.lu (17.07.2019). Gekuckt de(n) 11.12.2021.
- ↑ Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).