Serra da Bocaina

Vu Wikipedia
D'Serra da Bocaina

Den Nationalpark Serra da Bocaina ass en Deel vun der Biergkette mam selwechten Numm tëscht São Paulo a Rio de Janeiro. Si zitt sech vum Mieresspijel bis an d'Biergland, wouvun de Pico do Tira Chapéu (2200 m) den héchste Punkt ass. Bocaina heescht an der Sprooch vun den Tupi-Guarani "Wee erop".

Iwwerdeems den ënneschten Deel vum Naturpark aus dichtem tropesche Reebësch mat Beem bis zu enger Héicht vu 40 m besteet, gëtt, wat ee méi héich erop kënnt, d'Vegetatioun manner dicht. Un e Mëschbësch mat ë. a. Afebeem a Kifere schléisse sech dann, iwwer 2000 m, déi sougenannt Campos de Altitude, e montaant Grasland, un.

An de méi nidderege Regioune mat Reebësch fënnt ee vill Orchideeën a Bromelienaarten. D'Fauna am Park ass geschützt, et gëtt do Brëllafen, Tapiren, Otteren, Capibaraen, vill Schlaangenaarten a verschidde geschützt Vullenaarten (Macuco, Inhambus).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]