Afebam

Vu Wikipedia
Afebam
Chileenesch Araucaria
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich Planzeräich
Iwwerofdeelung Somplanzen
Ofdeelung Nolholzplanzen
Klass Pinopsida
Uerdnung Pinales
Famill Araukarieplanzen
Gattung Araukariebeem
Aart Afebam
Wëssenschaftlechen Numm
Araucaria araucana
(Molina) K.Koch
Afebam mat Friichten

Den Afebam, Araucaria araucana, oder Chileenesch Araucaria, op Englesch geleefeg Monkey-Puzzle genannt, ass e Bam aus der Famill vun den Araukarieplanzen, dee vun Natur aus am Chile, an do haaptsächlech an der Región de la Araucanía, an an Argentinien an den Anden virkënnt.

Fossilien déi fonnt goufen, hunn et erlaabt déi éischt Afebeem op 50 Millioune Joer zeréckzedatéieren. Domat gehéieren d'Afebeem zu den eelste Bamfamillen op der Welt.

Den Afebam gouf an Europa vum Dokter a Biolog Archibald Menzies géint d'Joer 1795 bekannt gemaach.

De Bam ka bis 50 Meter héich ginn. An Europa ass e mat dem Frascht geplot, a wiisst nëmme gutt a Géigenden, an deenen et net ze kal gëtt, wéi am Süde vun England an op de britteschen Inselen. Wéinst sengem exoteschen Habitus ass en als Park- an Dekoratiounsbam beléift, an dat besonnesch a klenge Virgäert well en net ze séier wiisst (bis 30 cm am Joer). D'Beem gi ganz al soudatt et Exemplare gëtt, déi iwwer 1 000 Joer al sinn.

Detail vun de Friichten
Detail vun den Äscht

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Afebam – Biller, Videoen oder Audiodateien