Simone Schneider (Botanikerin)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Simone Schneider, gebuer den 20. Februar 1980 zu Tréier, ass eng däitsch-lëtzebuergesch Ëmweltwëssenschaftlerin a Botanikerin. Si ass virun allem bekannt wéinst hirem berufflechen a benevollen Asaz fir den Naturschutz zu Lëtzebuerg an och an Däitschland.

D'Simone Schneider ass wëssenschaftlech Mataarbechterin vum Naturmusée (zënter 2005) a Presidentin vun der Société des naturalistes luxembourgeois (zënter 2017). Zanter 2012 schafft si an der biologescher Statioun vum Syndicat intercommunal pour la protection de la nature (Sicona) zu Olm, wou si zënter 2015 Chef vum wëssenschaftlechen Departement ass.[1]

2013 huet d'Simone Schneider déi Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl.

Studien a Beruff[änneren | Quelltext änneren]

1999 huet d'Simone Schneider hiert Abitur am Staatlichen Eifel-Gymnasium Neuerburg gemaach. Duerno huet si Angewandte Umweltwissenschaften op der Universität Tréier studéiert an 2005 ofgeschloss. Titel vun hirer Diplomaarbecht: Zustandsbeschreibung und naturschutzfachliche Analyse der Liegenschaften des Bund für Umwelt und Naturschutz Deutschland (BUND), Landesverband Rheinland-Pfalz e.V. auf der Grundlage ihrer floristischen Ausstattung.

2010 huet si op der Universitéit Tréier hier Studien am Fachberäich Geographie/Geowëssenschafte mam Doktertitel ofgeschloss. Titel vun hirer Dokteraarbecht: Die Graslandgesellschaften Luxemburgs.

Vun 2010 bis 2012 huet d'Simone Schneider fir de Bund für Umwelt und Naturschutz Deutschland (BUND), Landesverband Rheinland-Pfalz geschafft. Zënter 2012 schafft si fir den Naturschutzsyndikat Sicona.

Hier Fuerschungsinteressië leien am Beräich vum prakteschen Naturschutz, de Renaturéierungsmoossnamen, dem Grénglandmanagement an dem Studium vun de Planzegesellschaften.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Wolff, C., K. Gilhaus, N. Hölzel & S. Schneider, 2017. Status and restoration potential of heathlands and sand grasslands in the southwest of Luxembourg. Tuexenia 37: 179-200.
  • Frankard, P., G. Colling, S. Schneider, N. Elvinger & C. Wastiaux, 2017. Luxembourg. In H. Joosten, F. Tanneberger & A. Moen (eds.): Mires and peatlands of Europe. Status, distribution and conservation. Part II.: Country chapters. Schweizerbart Science Publishers, Stuttgart, 780 pp.
  • Proess, R., E. Rennwald & S. Schneider, 2016. Zur Verbreitung und Ökologie des Großen Feuerfalters (Lycaena dispar Haworth, 1803) im Südwesten und Westen Luxemburgs. Bull. Soc. Nat. luxemb. 118: 89-110. [1]
  • Hollenbach, H., S. Schneider & C. Eichberg, 2014. Zusammenhänge zwischen Pflanzenartenzusammensetzung, Phytodiversität und Bodenvariablen in Niedermooren und verwandten Habitattypen Luxemburgs. Tuexenia 34: 163–186. Göttingen 2014.[2]
  • Ries, C., Y. Krippel, M. Pfeiffenschneider & S. Schneider, 2013. Environmental impact assessment and black, watch and alert list classification after the ISEIA Protocol of non-native vascular plant species in Luxembourg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 114: 15-21.[3]
  • Schneider S. & Y. Krippel, 2008. Verbreitung von Botrychium lunaria (L.) Swartz (Ophioglossaceae, Pteridophyta) in Luxemburg. Bull. Soc. Nat. luxemb. 109: 9-15. [4]
  • Schneider S., 2011. Die Graslandgesellschaften Luxemburgs. Dissertation Universität Trier, FB VI. Ferrantia 66, Musée national d’histoire naturelle, Luxembourg, 303 S. + Tabellen.[5]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Websäit vum Sicona